2. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 2. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de la Bourse ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Mat nëmmen 99 Hektar ass et de klengsten Arrondissement vu Paräis.
Séier Fakten Quartieren, Buergermeeschter ...
Quartieren |
Gaillon, Vivienne, Mail, Bonne-Nouvelle |
---|---|
Buergermeeschter | Jacques Boutault |
Awunner | 21.119 |
Fläch | 0,99 km² |
Postcode | 75002 |
INSEE-Code | 75102 |
Koordinaten | 48°52'0,8"N, 2°20'25,7"O |
Zoumaachen
En ass entstanen duerch d'Ausdeenung vun der Stad an nërdlecher Richtung wärend dem 15. a 16. Joerhonnert. Éischt Baute goufen et awer schonn am 14. Joerhonnert. D'Stadmauer déi vum Charles V. opgeriicht gi war, ass deemools scho bis bei déi haiteg Rue d'Aboukir gaangen. Ënnert dem Louis XIII. huet sech d'Stad am 16. Joerhonnert bis un den nërdleche Bord vum Arrondissement vergréissert, bis do wou haut d'Grands Boulevards verlafen.