Aristides de Sousa Mendes
portugiseschen Diplomat deen am Zweete Weltkrich geschaten 30.000 Mënschen d'Liewe gerett huet / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Aristides de Sousa Mendes, gebuer den 19. Juli 1885 zu Cabanas de Viriato bei Viseu, a gestuerwen den 3. Abrëll 1954 zu Lissabon, war e portugiseschen Diplomat. Als Generolkonsul zu Bordeaux huet hien am Zweete Weltkrich geschaten 30.000 Mënsche vu verschiddenen Nationalitéiten, dorënner enger 10.000 Judden, d'Liewe gerett, andeems en hinnen, géint den Uerder vu sengem Ministère, Visae fir a Portugal ausgestallt huet, soudatt se sech virun den Nazien a Sécherheet brénge konnten.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Aristides de Sousa Mendes | |
---|---|
Gebuer |
19. Juli 1885 Viseu |
Gestuerwen |
3. Abrëll 1954 Lissabon |
Nationalitéit | Portugal |
Aktivitéit | Diplomat, Affekot |
Zoumaachen
Hie gëllt haut als "portugisesche Schindler" a gëtt als ee vun de Gerechten ënner den Natioune geéiert.