Charlton Heston
US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, a Waffelobbyist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charlton Heston (gebuer als John Charles Carter; de 4. Oktober 1923 zu Evanston, Illinois, a gestuerwen de 5. Abrëll 2008 zu Beverly Hills, Kalifornien) war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Biergerrechtler a Waffelobbyist.
Charlton Heston | |
---|---|
Gebuertsnumm | Miguel Angel |
Gebuer |
4. Oktober 1923 Evanston |
Gestuerwen |
5. Abrëll 2008 Beverly Hills |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Northwestern University, Northwestern University School of Communication |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Autobiograph, Theaterschauspiller, Gewerkschaftler, Schauspiller, Dréibuchauteur |
Partei | Republican Party, Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Lydia Clarke |
Kanner | Fraser Clarke Heston |
No sengem Militärdéngscht vun 3 Joer huet den Charlton Heston Theater, an dunn an Tëleesproduktioune gespillt. 1950 huet en a sengem éischte Kinosfilm, Dark City, gespillt.
Zu senge bekanntste Rollen zielen de Moses an The Ten Commandments (1956), de Judah Ben-Hur a Ben-Hur (1959), woufir en en Oscar fir de beschte Schauspiller krut, de Julius Cäsar a Julius Caesar (1970) an de Marcus Antonius an Anthony and Cleopatra (1972). Och am Science-fiction-Film Planet of the Apes (1968) a sengem Nofollger Beneath the Planet of the Apes (1970) hat en d'Haaptroll, sou wéi och a verschiddene Katastrophefilmer, wéi z. B. Earthquake (1974).
An den 1950er Joren huet den Charlton Heston dem Martin Luther King seng Biergerrechtsbeweegung ënnerstëtzt an huet sech an den 1960er Jore géint de Vietnamkrich engagéiert.
Méi spéit ëmmer méi staark huet hie sech och fir d'Recht agesat, Waffen däerfen ze droen, a war vun 1998 bis 2002 President vun der National Rifle Association.
Hien ass un de Suitë vun der Alzheimer-Krankheet gestuerwen.