Eurovision Song Contest 1998
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 43. Eurovision Song Contest war den 9. Mee 1998 a Groussbritannien. E gouf an der National Indoor Arena zu Birmingham organiséiert. Presentateure waren den Terry Wogan an d'Ulrika Jonsson.
43. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 9. Mee 1998 |
Stad | Birmingham (Groussbritannien) |
Gebai | National Indoor Arena |
Gewënner | Dana International (Israel) |
Zuel vu Länner | 25 |
Nei Participatiounen | Rep. Mazedonien |
Moderatioun | Terry Wogan an Ulrika Jonsson |
Interval Act | Lesley Garrett a Vanessa Mae |
Ofstëmmungsreegel | All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Resultater vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkten hu missen e Joer Paus maachen. Vun där Reegel waren Éisträich, Bosnien an Herzegowina, Dänemark, Russland an Island betraff. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 4 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach, grad wéi Italien. D'Republik Mazedonien koum nei derbäi, nodeem e Versuch fir matzemachen am Joer 1996 bei der Virentscheeung hänke blouf. Am Ganze ware 25 Länner derbäi.
Verschidden Interprete ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Danijela fir Kroatien 1995 (Member vun der Grupp Magazin) an de José Cid (Member vun Alma Lusa) fir Portugal 1980.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun, allerdéngs ass an de meeschte Länner den Televoting duerch d'Spectateure benotzt ginn fir ofzestëmme mat Ausnam vun der Tierkei, Rumänien, Irland an Ungarn, wou nach eng Jury d'Ofstëmmung gemaach huet. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Birmingham matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Israel, d'Dana International mat 6 Punkte Virsprong virun der Imaani (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Chiara Siracusa, déi fir Malta ugetruede war. D'Gewënnerin Dana International ass bei de Medien an d'Gespréich komm well si sech offen zu hirer Transsexualitéit bekannt huet.
Israel hat domat fir d'drëtt Kéier de Grand Prix gewonnen.