Eurovision Song Contest 2001
46. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 46. Eurovision Song Contest war den 12. Mee 2001 an Dänemark. Dat Joert gouf d'Eurovisioun am Parken-Stadion zu Kopenhagen organiséiert. Presentateure waren d'Natasja Crone an de Søren Pilmark.
46. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 12. Mee 2001 |
Stad | Kopenhagen (Dänemark) |
Gebai | Parken Stadion |
Gewënner | Tanel Padar, Dave Benton an 2XL (Estland) |
Zuel vu Länner | 23 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Natasja Crone a Søren Pilmark |
Interval Act | Aqua |
Ofstëmmungsreegel | All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun där Reegel waren d'Republik Mazedonien, Zypern, d'Schwäiz, Éisträich, Rumänien, d'Belsch a Finnland. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 7 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn an d'Slowakei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 23 Länner dobäi.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun, allerdéngs ass an de meeschte Länner den Televoting duerch d'Spectateure benotzt gi fir ofzestëmmen, mat Ausnam vu Bosnien an Herzegowina, Tierkei a Russland, wou nach eng Jury d'Ofstëmmung gemaach huet. Et ass nach eng fakultativ nei Méiglechkeet agefouert ginn fir ofzestëmmen, nämlech 50 % duerch Televoting a 50 % duerch eng Jury. Allerdéngs hunn nëmme Kroatien, Griicheland a Malta déi nei Méiglechkeet benotzt. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Kopenhagen matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Estland, den Tanel Padar, Dave Benton an 2XL mat 21 Punkte Virsprong virum Grupp Rollo & King (Dänemark). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Antique, déi fir Griicheland ugetruede war.
Fir Estland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.