Greenpeace
Ëmweltorganisatioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
Greenpeace /ˈgriːnpiːs/ ass eng international Netregierungs-Ëmweltschutzorganisatioun, déi de 15. September 1971 zu Vancouver, Kanada als Nofollgerorganisatioun vum Don't Make A Wave Committee gegrënnt gouf.
D'Organisatioun ass u sech géint d'Atomtester vun den USA an Alaska op d'Bee gestallt ginn. Am Verglach mat villen aneren Ëmweltschutzorganisatiounen ass Greenpeace éischter handlungsorientéiert.
Greenpeace-Aktiviste beschränke sech net drop, just Pétitiounen anzereechen, mä ginn dacks direkt op d'Plaz selwer wou eppes geschitt a probéiere mat gewaltfräien Aktiounen, anzegräifen. D'Aktiounen déngen dacks der Duerchsetzung vum Vëlkerrecht, woubäi a munneche Fäll och déi national Rechtsuerdnung iwwerschratt gëtt. D'Greenpeace-Aktiviste sinn op spektakulär Aktiounen an der Ëffentlechkeet spezialiséiert (Besetzung vu Kamäiner, Uelegtanker-Observatiounen an Schlauchbooter, asw.), awer net ouni d'Hannergrënn an deelweis opwennegen Etüden (déi se dacks selwer commissionéiert hunn) z'ënnersichen.
Et gëtt nationalgebonne Greenpeace-Veräiner a ville Länner. Zu Lëtzebuerg huet Greenpeace hire Sëtz zu Esch-Uelzecht.