Ian Holm
brittesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ian Holm, gebuer als Ian Holm Cuthbert den 12. September 1931 zu Goodmayes, a gestuerwen den 19. Juni 2020 zu London, war en englesche Film- an Theaterschauspiller.
Ian Holm | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ian Holm Cuthbert |
Gebuer | 12. September 1931 |
Gestuerwen |
19. Juni 2020 London |
Doudesursaach | Parkinson-Krankheet |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Penelope Wilton |
Zu senge bekanntste Rollen zielen déi vum Hobbit Bilbo an de Filmer The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring, The Lord of the Rings: The Return of the King, The Hobbit: An Unexpected Journey an The Hobbit: The Battle of the Five Armies. Hie war war weider a bedeitende Filmer wéi Alien vum Ridley Scott, Time Bandits vum Terry Gilliam, Robin and Marian vum Richard Lester, Greystoke: The Legend of Tarzan, Lord of the Apes vum Hugh Hudson a Brazil vum Terry Gilliam ze gesinn. Fir seng Roll als Sam Mussabini am Klassiker Chariots of Fire gouf hie fir en Oscar nominéiert.
Hien huet och a villen TV-Filmer an TV-Serie matgespillt sou am Film Alice Through the Looking Glass an an der Miniserie Jesus of Nazareth.