James Bond (Ornitholog)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den James Bond, gebuer de 4. Januar 1900 zu Philadelphia an och do de 14. Februar 1989 gestuerwen, war en US-amerikaneschen Ornitholog.
James Bond | |
---|---|
Gebuer |
4. Januar 1900 Philadelphia |
Gestuerwen |
14. Februar 1989 Philadelphia |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harrow School, Trinity College |
Aktivitéit | Ornitholog |
Hie war Curateur vun der Vullesammlung vun der Academy of Natural Sciences zu Philadelphia an en Expert vun de Vulle vun de Karibeschen Inselen. Seng Bicher Birds of the West Indies, dat 1936 fir d'éischt erauskoum, a Field guide to birds of the West Indies: a guide to all the species of birds known from the Greater Antilles, Lesser Antilles and Bahama Islands, gëllen nach haut als Standardwierker.
De britteschen Auteur Ian Fleming, deen och Hobby-Ornitholog war, huet dat Buch kannt an den Numm vum Auteur huet hien dozou inspiréiert, säi Personnage vun engem Geheimagent och James Bond ze nennen.
Dem Bond seng Fra, d'Mary Fanning Wickham Porcher Lewis, huet 1966 d'Buch How 007 Got His Name: Mrs James Bond verëffentlecht.
Am 20. Film vun der James-Bond-Serie Die Another Day mécht de Geheimagent James Bond op Kuba, wéi wann en en Ornitholog wier, an huet d'Buch vum echten James Bond bei sech.