Julien Green
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Julien (Julian Hartridge) Green, gebuer de 6. September 1900 zu Paräis an och do den 13. August 1998 gestuerwen, war en amerikanesche franséischsproochege Schrëftsteller.
Julien Green | |
---|---|
Gebuertsnumm | Julian Hartridge Green |
Pseudonym | David Irland, Théophile Delaporte |
Gebuer |
6. September 1900 17. Arrondissement |
Gestuerwen |
13. August 1998 7. Arrondissement |
Nationalitéit | USA, Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Virginia |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | Académie française, Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Letters |
Hien ass a Frankräich, vun amerikaneschen Elteren, opgewuess, huet vun 1919 bis 1922 op der University of Virginia Literaturwëssenschafte studéiert an ass dono nees a Frankräich hannescht gaangen, wou e weider, ausser wärend dem Zweete Weltkrich, deen en an den USA verbruecht huet, gelieft huet.
De Julien Green huet eng Rëtsch Romaner geschriwwen, déi sech ëm existenziell Ängscht, Leidenschaft, onerfëllt Léift, déi dacks mat Hiermutt a Verbrieche verknëppt sinn, dréinen. Hien huet och Theaterstécker an Erzielunge geschriwwen. Seng Dagebicher, déi vun 1926 bis 1998 ginn, gehéieren zu de bekanntste vun der Weltliteratur, wéi och seng Autobiographie Souvenirs de jours heureux (1942) déi fir hien e wichtegt Theema ass am fréie Konflikt mam reliéise Glawen an der Homosexualitéit.
De Julien Green krut eng ganz Rëtsch literaresch Auszeechnungen a gouf 1972 als éischten Net-Fransous Member vun der Académie française (bis 1997).
Hie läit zu Klagenfurt begruewen.