Letzeburger Ro'de Lé'w
Resistenz-Organisatioun zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Letzeburger Ro'de Lé'w (haiteg Orthographie: "Lëtzebuerger Roude Léiw"), kuerz LRL, war eng Resistenzlergrupp zu Lëtzebuerg an der Zäit vum Zweete Weltkrich. Si gouf am Oktober 1941 zu Uewerkäerjeng gegrënnt a war besonnesch aktiv am Süden, am Westen an am Zentrum vum Lëtzebuerger Land.
Am Mäerz 1944 war d'L.R.L. ee vun de Grënnungsmembere vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen (Unio'n).
Haaptaktivitéite waren ënner anerem den Opbau vu Fluchtweeër fir a Frankräich an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.
Eng vun hiren hautdesdaags bekanntste Stoppe war de Bunker Hondsbësch zu Nidderkuer, deen an enger zougemaachter Galerie ageriicht gouf. Do ware bis zur Opléisung vum Bunker iwwer 122 Refractairen, zum Deel "Wehrdienstverweigerer" an och politesch Flüchtlinge verstoppt.