Madeira
portugisesch Insel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Madeira [ mɐ'deiɾɐ ] (vu Portugisesch madeira, "Holz"), ass eng portugisesch Insel 951 km südwestlech vu Lissabon a 737 km westlech vun der marokkanescher Küst am Atlanteschen Ozean. Si gehéiert mat der méi klenger Insel Porto Santo an der onbewunnter Inselgrupp Ilhas Desertas zu der Inselgrupp Madeira, déi zesumme mat den (och onbewunnten) Ilhas Selvagens d'Autonom Regioun Madeira bilden.
Als Deel vu Portugal gehéiert Madeira och zum Territoire vun der Europäescher Unioun. D'Inselgrupp huet eng 235.000 Awunner op enger Fläch vu 801 km². D'Haaptinsel Madeira selwer ass 741 km² grouss. D'Haaptuertschaft ass Funchal.