Mayflower
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mayflower war dat Schëff, dat déi éischt europäesch Emigranten, déi sougenannt Pilgrims oder och Pilgrim Fathers (Pilgerpappen), vun England an Amerika bruecht huet. D'Mayflower ass de 6. September 1620 vu Plymouth aus op d'Rees gaangen an huet Cape Cod den 21. November 1620 erreecht (nom gregorianesche Kallenner).
U Bord vun der Mayflower waren 102 Passagéier an 30 Mann Equipage. Kapitän war de Christopher Jones.
Vill Amerikaner, besonnesch aus distinguéierte Famillje vun Neiengland (wéi z. B. d'Brahmane vu Boston), si bestrieft, hir Ofstamung op een oder anere Passagéier vun der Mayflower zeréckzeféierenen. Eng General Society of Mayflower Descendants gouf 1897 zu Plymouth (Massachusetts) gegrënnt.