Mir wëlle bleiwe wat mir sinn
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn ass e Vers aus dem Feierwon vum Michel Lentz, engem patriotesche Lidd aus dem Joer 1859 dat eng Hommage un déi éischt transnational Eisebunn zu Lëtzebuerg ass.[1] Am leschte Refrain heescht et:
- Kommt hier aus Frankreich, Belgie, Preisen,
- Mir können iech ons Hemecht weisen,
- Frot dir no alle Seiten hin,
- Mir welle bleiwe wat mer sin.[2]
Spéider gouf en alt als Referenz op d'Ambitioun vum Lëtzebuerger Vollek, eng separat an onofhängeg Entitéit ze bleiwen, besonnesch vun de méi staarken a méi groussen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch, mä och vun Holland, ugesinn.[3]
An der Ëffentlechkeet ass de Vers, a jeeweils liicht anere Schreifweisen, ë. a. um Dicks-Lentz-Monument um Square Jan-Palach , um Escher Stadhaus (Mir wölle bleiwe wat mer sin, 1935-37 gebaut) an op engem Tiermchen um Fëschmaart (Mir wölle bleiwe wat mir sin, an der Tëschekrichszäit do ubruecht) ze gesinn.
A ville Medien an inoffizielle Publikatioune gëtt de Sproch als national Devise vum Groussherzogtum Lëtzebuerg presentéiert.[4],[5],[6],[7],[8],[9],[10] Anerersäits gëtt de Sproch och geleeëntlech benotzt, fir gesellschaftskritesch Ausssoen z'ënnerleeën. Sou huet z. B. de Serge Tonnar e Lidd mat deem Titel erausbruecht (um Album Klasseklon, 2011), an deem en eng selbstgefälleg, saturéiert Mentalitéit vu bestëmmte Leit kritséiert.[11]
- um Onofhängegkeets- monument zu Schwéidsbeng (Josy Jungblut, 1939).
- Plakat aus der Zäit vum 2. Weltkrich, fir an den USA op d'Situatioun zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen (Kontext onkloer, warsch. nom Streik vun 1942).