Monica Vitti
italieenesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Monica Vitti, gebuer als Maria-Luisa Ceccarelli den 3. November 1931 zu Roum an och do gestuerwen den 2. Februar 2022, war eng italieenesch Schauspillerin a Filmregisseurin.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Monica Vitti | |
---|---|
am Joer 2008 | |
Gebuertsnumm | Maria Luisa Ceciarelli |
Gebuer |
3. November 1931 Roum |
Gestuerwen |
2. Februar 2022 Roum |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien, Italien |
Educatioun | Accademia nazionale d'arte drammatica |
Aktivitéit | Komiker, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Roberto Russo |
Liewenspartner(in) | Michelangelo Antonioni, Carlo Di Palma |
Zoumaachen
Si huet d'Schauspillerei zu Roum studéiert. Duerno war si als Schauspillerin op der Televisioun an am Theater ze gesinn. Hir Karriär huet richteg ugefaange mam Film La notte ënner der Regie vum Michelangelo Antonioni. A weidere Filmer vum Antonioni (L'avventura, L'eclisse an Il Deserto rosso ass si duerch hiert schauspillerescht Talent an hir kill Schéinheet opgefall.
Si huet nach Filmer mat grousse Regisseure wéi Mario Monicelli, Ettore Scola a Luis Bunuel gedréint, ouni awer dee Succès wéi mat den Antonioni Filmer ze hunn.