Moskwa-City
From Wikipedia, the free encyclopedia
Moskwa-City (oder Moskau City, russ.: Москва-Сити) ass en neie Quartier an der russescher Haaptstad Moskau, deen nach am Gaang ass, gebaut ze ginn. Mam ganzen Numm heescht e Moskauer Internationalen Handelszentrum Moskwa-City (Московский международный деловой центр «Москва-Сити»).
E läit haaptsächlech um lénksen Uwänner vun der Moskwa, um westleche Bord vum Bezierk Zentrum, eng 5 km Loftlinn ewech vum Kreml. Et solle virun allem Geschäfts- a Bürosgebaier dohikommen, dorënner eng ganz Rëtsch héich an architektonesch spektakulär Wollekekrazerten. An eenzelen dovu si Luxuswunnengen dran.
1992 gouf d'Aktiëgesellschaft Moskwa-City gegrënnt, déi de ronn 100 Hektar groussen Terrain vun der Stad gepacht huet, fir dorop Bauprojeten auszeféieren. Den Terrain louch relativ no um Zentrum, a war gutt un d'Transportinfrastruktur ugeschloss. E puer Joer drop gouf mat den Aarbechten ugefaangen.