Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 war ee vum Chef der Zivilverwaltung Gustav Simon organiséierte Recensement vun der Bevëlkerung am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg. Hir historesch Bedeitung krut se, well verschidde Froe sou gestallt waren, datt d'Äntwert "deutsch" hätt solle sinn, soudatt se herno als Bekenntnis zum "Deutschtum" (am nationalsozialistesche Sënn) hätte kéinten ausgeluecht ginn. Well awer vun enger grousser Majoritéit vun der Bevëlkerung mat 3-mol Lëtzebuergesch geäntwert gouf, ass s'am leschte Moment ofgeblose ginn.