Primo Levi
italieenesche Schrëftsteller a Cheemiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Primo Levi, gebuer den 31. Juli 1919 zu Turin an och do den 11. Abrëll 1987 gestuerwen, war en italieenesche Schrëftsteller a Cheemiker.
Primo Levi | |
---|---|
Pseudonym | Damiano Malabaila |
Gebuer |
31. Juli 1919 Turin |
Gestuerwen |
11. Abrëll 1987 Turin |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Liceo classico Massimo D'Azeglio |
Aktivitéit | Chimist, Dichter, Politiker, Schrëftsteller, Romancier, Science-Fiction-Schrëftsteller, Autobiograph, Philosoph |
Hien ass virun allem bekannt fir säi Wierk als Zeien an Iwwerliewende vum Holocaust. A sengem autobiographesche Reportage Se questo è un uomo (1947) beschreift e seng Erliefnesser am KZ Auschwitz, a wéi do d'Affer systematesch entmënschlecht goufen. Direkt duerno huet e La Tregua geschriwwen, deen, och autobiographesch, seng méintelaang Odyssee duerch Europa no der Befreiung vun Auschwitz bis heem an Italien als Sujet huet.
Autobiographesch ass och säi Roman Il sistema periodico (1975) an deem en an 21 Kapitelen eng Episod aus sengem Liewen a Relatioun mat engem cheemeschen Element aus dem Periodesystem vun den Elementer setzt. Hien huet ë. a. och ënner dem Pseudonym Damiano Malabaila publizéiert.
Him zu Éiere gouf den Asteroid (4545) Primolevi 2011 no him genannt.