Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten ass um Rez-de-chaussée op der Nummer 57 vun der Stadhausplaz zu Diddeleng.
En ass nieft dem Deportatiounsmemorial, dem Mémorial de la déportation am fréiere Gebai vun der Hollerecher Gare, déi eenzeg Ausstellung zu Lëtzebuerg, déi sech op d'Thema vun den Zwangsrekrutéierte spezialiséiert huet.
De Musée, deen aussergewéinlech gutt ausstafféiert ass mat all méiglechen Dokumenter a Fotosmaterial, gëtt gefouert vum Jos Benoit.