Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg
Universitéit zu Heidelberg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Universitéit vun Heidelberg (offiziell Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg, op Latäin: Ruperto Carola) ass eng Universitéit vum Bundesland Baden-Württemberg zu Heidelberg. Si ass 1386 gegrënnt ginn an domat déi eelst Universitéit an Däitschland an eng vun den eelsten Universitéiten an Europa.
Typ | staatlech Fuerschungsuniversitéit, Campus, staatlech Universitéit |
---|---|
Land | Däitschland |
Schülerzuel | 28.413 |
1. Juni 2017 | |
Gegrënnt | 1386 (julianesch) |
Um Spaweck | https://www.uni-heidelberg.de/ |
D'Universitéit ass an zwielef Fakultéiten organiséiert an déi meescht geleefeg Fächer vun enger klassescher Universitéit ginn ënnerriicht.
Am Wantersemester 2017/18 waren 29.689 Studenten ageschriwwen[1] an et hu ronn 500 Professeren ënnerriicht.[2]
D'Universitéit Heidelberg hëlt un der Exzellenzinitiativ vum Bund ("Eliteuniversität") deel an ass Grënnungsmember vun der Liga vun den Europäesche Fuerschungsuniversitéiten (LERU), souwéi vum Coimbra-Grupp. Si gëtt mat 56 Nobelpräisdréier assoziéiert[3] a steet domat a ganz Däitschland op Plaz 1.[4] Ronn 18% vun de Studente sinn aus dem Ausland.[5] Am internationale Verglach steet si op Spëtzeplazen a profitéiert vun enger héijer akadeemescher Reputatioun.[6]