Soumagne
belsch Gemeng / From Wikipedia, the free encyclopedia
Soumagne, op Wallounesch Soûmagne, ass eng belsch Gemeng an der wallounescher Regioun, an der Provënz am Arrondissement Léck, am Pays de Herve.
Séier Fakten Land, Regioun ...
Soumagne | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 16.888 (1. Januar 2018) |
Fläch | 2.714 |
Koordinaten |
50° 36’ 44’’ N 05° 44’ 47’’ O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 4630 |
Websäit | https://www.soumagne.be |
Zoumaachen
Duerch Gemeng leeft d'Héichvitessestreck déi Léck mat Däitschland verbënnt, an zum gréissten Deel do duerch de 6,3 km laangen Tunnel vu Soumagne féiert, deem säin Ostportal um Territoire vun der Gemeng läit.
D'Uertschaft Soumagne déi der Gemeng den Numm ginn huet, besteet aus zwéin Deeler déi nëmme labber zesummenhänken, Soumagne-Haut um Plateau dat sech ëm déi al Gare vu Micheroux op der Linn 38 a laanscht Nationale 3 entwéckelt huet, a Soumagne-Bas neierdéngs op Soumagne-Vallée gedeeft am Dall vun der Magne.
Am haitegen Domaine Provincial de Wegimont haten d'SS e Lebensborn-Heem ageriicht.