Taurus (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Taurus war eng amerikanesch Drorakéit, déi vum fréiere Konzern Orbital Sciences Corporation gebaut gouf. D'Taurus war eng Variant vun der Pegasus-Rakéit, déi vum Buedem aus gestart gouf a bei där dofir den Drofliger duerch déi éischt Stuf vun der Peacekeeper-Interkontinentalrakéit oder hirem kommerziellen Derivat, der Castor-120-Stuf, ersat gouf.
Hir Notzlaaschtkapazitéit war jee no Versioun tëscht 1180 a 1450 kg an enger niddreger Ëmlafbunn. Den éischte Start war 1994, mat souwuel militäresche wéi och kommerziellen Notzlaaschten. Nom zweete Feelstart vun enger Taurus 3110 hannereneen huet d'NASA de Startvertrag mam OCO 2 gekënnegt. Eng Neiqualifikatioun vun der Rakéit war viru weidere Starten néideg.[1]