Traité vu Rijswijk
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Traité oder Fridde vu Rijswijk (fr.: Ryswick) ass en Ensembel vun Traitéen aus dem Joer 1697, mat deem de Krich vun der Augsburger Liga (de: Pfälzischer Erbfolgekrieg) op en Enn bruecht gouf.
Nodeems d'Kinnekräich Frankräich ënner dem Louis XIV. 1688 d'Pfalz eruewert huet, mat der Begrënnung hien hätt do en Ierfrecht drop, koum et zum Krich ëm d'Ierffolleg vun der Pfalz. Him stoungen d'Länner vun der Augsburger Allianz (oder Augsburger Liga) géintiwwer, déi de Keeser Leopold I., d'Kinneke Carlos II. vu Spuenien an de Karl XI. vu Schweeden, de Kurfürst Maximilian II. Emanuel vu Bayern a Membere vum fränkeschen an uewerräinesche Räichskrees zesummegefouert huet.
Am Mee 1689 ass och nach de Wilhelm III. vun Oranien, dee Kinnek vun England a Statthalter vun der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënze war, derbäikomm, soudatt aus der Augsburger Liga d'Grouss Allianz vu Wien gouf.