Ugrëff op Pearl Harbor
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Attack, resp. den Ugrëff oder Iwwerfall op Pearl Harbor war den Ugrëff vum Loftservice vun der Keeserlech Japanescher Marinn op d'Pazifikflott vun de Vereenegte Staaten, de 7. Dezember 1941, am Hafe vu Pearl Harbor op Hawaii.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwer Pearl Harbor, kuckt wgl. Pearl Harbor. |
Mat där Attack huet d'Keeserräich Japan de Pazifikkrich, deen zanter 1937 am Gaang war, an den Zweete Weltkrich ausgebreet. Se gëtt als eng wichteg Zäsur ugesinn, well se den Antrëtt vun den USA an den Zweete Weltkrich, den 8. Dezember, ausgeléist huet. Virdru waren d'Amerikaner offiziell neutral, och wa se Groussbritannien an d'Sowjetunioun materiell ënnerstëtzt haten (Lend-Lease). Den 11. Dezember huet doropshin och Hitler-Däitschland, dat mat Japan alliéiert war, den USA de Krich erkläert.
Duerch dës stënterlech Attack, déi ouni Warnung oder Krichserklärung geschouch, gouf e groussen Deel vun der amerikanescher Flott ausgeschalt, soudatt déi japanesch Flott e puer Méint laang d'absolut Iwwermuecht a Kontroll am Pazifikraum hat. Verschount blouwe just déi 3 amerikanesch Fligerdréier Saratoga, Lexington an Entreprise, déi e puer Deeg virdrun ausgelaf waren an d'Mazout-Depoten, wat dëse Succès relativéiert huet.
E puer Stonne virun där Attack haten d'Japaner och déi brittesch an hollännesch Kolonien a Südostasien ugegraff, soudatt de Krich ewell global war.
Laangfristeg war dës Attack, obwuel se ufanks d'Amerikaner militäresch geschwächt hat, fatal fir d'Japaner: Well se allgemeng als feig a perfid ugesi gouf, konnt d'US-Regierung hir Bevëlkerung, déi bis dohi majoritär éischter pazifistesch oder isolationistesch agestallt war, ouni Schwieregkeete fir en Antrëtt an de Krich mobiliséieren, woumat wéinst de groussen amerikaneschen industrielle Ressourcen déi Alliéiert e Virdeel kruten, deem hir Géigner näischt gläichwäerteges entgéint setze konnten.