Äismound
From Wikipedia, the free encyclopedia
Äismounde sinn an der Astronomie natierlech Satellitten, bei deenen d'Uewerfläch haaptsächlech aus Äis (meeschtens awer net nëmme Waasseräis) besteet. D'Uewerfläch vu sou engem Himmelskierper entsprécht domat der Uewerfläch vun enger vollkommener an heiansdo enger voluminéiser Kryosphär.
All bekannt Äismounde sinn am baussenzege Sonnesystem op enger Distanz vum Zentralstär déi Säit vun der sougenannter Äislinn. Bei der Genesis vun de Planéiten a Mounden aus der protoplanetarescher Scheif desubliméiert déi Säit vun där Linn d'Waasseräis aus dem Gas vun der Scheif.
Wéinst hiren niddregen Temperaturen op der Uewerfläch, gëtt et op ville Mounden am baussenzege Beräich vun de Gasplanéiten e groussen Deel vum Waasser, a Form vun Äis. An hirem Kär kann et awer, duerch den héijen Drock, souwéi duerch Hëtzquellen wéi Gezäitekräften oder radioaktiv Nukliden, Waasser a flësseger Form ginn. Déi flësseg Waasserkierper, extraterrestresch Ozeanen, kéinten d'Viraussetzunge fir ausserierdescht Liewe bidden.
Dat klassescht Beispill fir en Äismound ass de Jupitermound Europa.