Adam Sigmund von Thüngen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Adam Sigmund von Thüngen, gebuer 1687 zu Thüngen an Ënnerfranken, a gestuerwen de 4. Juni 1745 an der Schluecht bei Hohenfriedberg am Zweete Schlesesche Krich, war Generolmajouer a Generolfeldmarschall-Läitnant an tëscht 1733 an 1735 Militärkommandeur vum Herzogtum Lëtzebuerg, wou hien de Wilhelm Reinhard Grof vun Neipperg vertrueden huet.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Adam Sigmund von Thüngen | |
---|---|
Gebuer |
20. Februar 1687 Thüngen |
Gestuerwen | 4. Juni 1745 |
Zoumaachen
De Fort Thüngen um Kierchbierg, deen zum 3. Festungsrank vun der Festung Lëtzebuerg gehéiert huet, ass no him genannt ginn, grad ewéi d'Rue du Fort Thüngen.