Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Vu fréien Zäiten un, war Lëtzebuerg wéi vill Länner am Laf vun der Geschicht e rengt Agrarland. Ënner der Herrschaft vun den Habsburger war Lëtzebuerg déi gréisst Provënz vun den éisträicheschen Nidderlanden awer och gläichzäiteg déi äermst an déi mat de mannsten Awunner. 96 Prozent vun der Bevëlkerung hunn um Land a vum Land gelieft. D'Industrie hat och e rurale Charakter. D'Siderurgie wat déi wichtegst war, huet laang vill Verbindungen zur Landwirtschaft gehalen an d'Exploitatioun huet där vun der Landwirtschaft geglach. Et gouf keng Konzentratioun vu grousse Betriber. Déi vill Schmelzen a Schmëtte ware kleng Betriber déi uechter d'Land verspreet waren a grad wéi de Bauer d'Friichte vum Terrain ausgenotzt huet, hu si d'Bounäerz an d'Holz dat s'op der Plaz oder an der noer Ëmgéigeng fonnt hunn, exploitéiert. Och aner Industriebetriber wéi d'Wiewerei an d'Gerwerei hunn no un der Landwirtschaft gelieft, se hunn z. B. Leit aus de Bauerebetrieber niewelaanscht beschäftegt a sinn och vun hinne mat Material beliwwert ginn. Sou kann e soen datt déi Zäit d'Industrie eng Verlängerung vun der Landwirtschaft war.
D'Land oder villméi de Landbesëtz war och fest am Geescht verankert. An den Ae vun de Leit vun deemools war de Grondbesëtz en Haaptsymbol vum Räichtum, wat mat sech bruecht huet datt d'Kapitaler vun deemools éischter an Terraine wéi an der Industrie placéiert goufen.
Déi fréier Landwirtschaft hat e komplexen Exploitatiounssytem, bei deem vill technesch a mënschlech Facteuren eng Roll gespillt hunn, wovun zu de wichtegsten de Kärenubau, d'Servituden an d'kollektiv Rechter gezielt hunn. De System huet den Ënnergank vum Ale Regime iwwerlieft an huet sech zu Lëtzebuerg och no der franséischer Revolutioun bis an déi zweet Hallschent vum 19. Joerhonnert gehalen.