Alexandre de Colnet d'Huart
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean François Léonard Alexandre de Colnet d'Huart, gebuer de 6. Juni 1821 zu Bartreng, an do gestuerwen den 12. Juni 1905, war e lëtzebuergesche Politiker.
Alexandre de Colnet d'Huart | |
---|---|
Gebuer |
6. Juni 1821 Bartreng |
Gestuerwen | 12. Juni 1905 |
Nationalitéit | Belsch, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Universitéitsprofesser |
Famill | |
Bestuet mat | Marguerite Elisabeth Didier |
Kanner | François de Colnet d'Huart |
Hien ass gebuer als Alexandre de Colnet a gouf vum Victor-Thérèse-George de Chelaincourt an deem senger Fra Auguste-Elisabeth-Sophie Baronesse d'Huart adoptéiert. Vun hinnen huet hien d'Bartrenger Schlass geierft a krut d'Recht, den Numm "d'Huart" hanner säin Numm ze setzen. Och d'Adelsprivilegien huet hie sou geierft.[1]
Seng Etüden, mat Spezialisatioun a Physik a Mathematik, huet den Alexandre de Colnet d'Huart zu Léck an zu Paräis gemaach. Den 10. Abrëll 1843 ass hien als Fräiwëllegen an d'Artillerie-Batterie vum lëtzebuergesche Bundeskontingent agezu ginn.[2]
Seng Nominatiounen:[3]
- Den 8. Februar 1847 gëtt hie Läitnant am lëtzebuergesche Bundeskontingent.
- De 25. Abrëll 1851 gëtt hien am Iechternacher Progymnasium provisoresch als Professer agestallt.
- Den 30. November 1852 krut en dee Posten definitiv.
- De 7. Mee 1857 gouf e Professer am Stater Kolléisch.
- Den 12. Juni 1866 gouf e Member vun der Assemblée des États fir de Kanton Lëtzebuerg-Land.
- Vum 14. Dezember 1866 u war hie Generaldirekter vun de Finanzen, also Finanzminister, an de Regierungen de Tornaco a Servais, an dat bis den 30. September 1869.[4]
- Vum 30. September 1869 bis de 27. Juni 1884 war den Alexandre de Colnet d'Huart Direkter vum Stater Kolléisch.
Ausserdeem war den Alexandre de Colnet d'Huart vum 7. Januar 1885 bis den 31. Dezember 1896 Buergermeeschter vu Bartreng.[5]
Den Alexandre de Colnet d'Huart, deen 1846 initiéiert gi war, huet zu de Grënner vun der "Loge St. Jean de l'Espérance", der Fräimaurerloge, déi den 11. Mäerz 1848 zu Iechternach an d'Liewe geruff ginn ass, gehéiert.[6]