Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm
Kierfecht zu Hamm an deem amerikanesch Zaldote begruewe sinn, déi am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm ass en amerikanesche Kierfecht, an deem déi stierflech Iwwerreschter vu 5.076 amerikaneschen Zaldote begruewe sinn, déi am Zweete Weltkrich, absënns an der Ardennenoffensiv, zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn. En ass 20,44 ha grouss an ee vu véierzéng amerikaneschen Zaldotekierfechter déi baussent den USA ugeluecht goufen. De Kierfecht gouf 1960 fäerdeggestallt a gouf de 4. Juli 1960 feierlech ageweit.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
Vue iwwer d'Griewer | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Hamm |
Fläch | 20,4366 ha |
Griewer | 5.076 |
Ugeluecht | 1960 |
Koordinaten |
49° 36’ 42’’ N 06° 11’ 08’’ O |
Gestioun | American Battle Monuments Commission |
Zoumaachen
Och de Generol George S. Patton, deen Enn 1945 un de Suitte vun engem Autosaccident gestuerwen ass, ass do begruewe ginn.