Anfield
From Wikipedia, the free encyclopedia
Anfield ass de Foussballstadion vum FC Liverpool, am Quartier Anfield tëscht Anfield Road an der Walton-Breck Road zu Liverpool an England. En huet 53.394 Plazen, an ass domat de siwentgréisste Foussballstadion a Groussbritannien.
Den FC Liverpool spillt zënter senger Grënnung am Joer 1892 seng Heemmatcher zu Anfield. U sech war Anfield de Stadion vum FC Everton, vun 1884 bis 1891, mä dee Club ass no enger Differenz mam Stadionsbesëtzer wéinst dem Loyer an de Goodison Park geplënnert, dee knapps e Kilometer dervu läit.
Den Anfieldstadion huet véier Tribünen: De Kop (Bill Shankly Kop), Main Stand, Centenary Stand an Anfield Road. Déi gréisst Zuel vu Spectateure louch bei 61.905, bei engem Match tëschent dem FC Liverpool an de Wolverhampton Wanderers am Joer 1952. De Stadion ass 1994 ëmgebaut ginn an zanterhier gëtt et nëmmen nach Sëtzplazen.
Zwou Paarte aus Fer-forgé sinn no bekannten Ex-Trainere vum FC Liverpool benannt an zwar eng nom Bill Shankly, déi an der Anfield Road ass mat engem Monument dernieft wou iwwer der Paart de Slogan YOU'LL NEVER WALK ALONE steet, an eng nom Bob Paisley, déi an der Walton-Breck Road ass mat der Schrëft PAISLEY GATEWAY iwwer der Paart. Eng Statu vum Bill Shankly steet virun der Entrée vum Museum & Tour Centre.
2002 ass d'Diskussioun fir en neie Stadion opkomm. D'Propose war fir en neie Stadion am Stanley Park ze bauen deen no derbäi läit, mä wéi den FC Liverpool 2010 vum Fenway Sports Group opkaf gouf, ass déi Propose ofgeleent ginn.
Amplaz gouf eng Vergréisserung vun den Tribüne vum Main Stand geplangt, déi den 8. Dezember 2014 an Ugrëff geholl gouf, a fir d'Saison 2016/2017 soll ofgeschloss sinn. Doduerch geet d'Capacitéit vum Stadion op 54.000 erop.