Athene
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pallas Athene, och Athene Parthenos (attesch an ionesch Ἀθηνᾶ (Athēnâ), doresch Ἀθανᾶ (Athānâ), gr.: Αθηνά (Athiná), Bäinumm Atrytone; Παρθένος (Parthénos) algr.: d'Jongfra) war eng olympesch Gëttin an der griichescher Mythologie. Si war d'Duechter vum Zeus an der Metis, a gëllt als Gëttin vun der Wäisheet, der Krichstaktik an der Strategie, a war Patréinesch vun der Konscht an der Wëssenschaft. Si war d'Palais- a Schutzgëttin vun de mykeneschen Herrscher an huet sech mam Handwierk auskannt.
Dës Säit beschäftegt sech mat der griichescher Gëttin Athene. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Athene (Homonymie). |