Autobus de la Ville de Luxembourg
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Autobus de la Ville de Luxembourg, gekierzt AVL, ass e Service vun der Stad Lëtzebuerg deen den ëffentleche Persounentransport, haaptsächlech um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg op engem Reseau vun ongeféier 167 km assuréiert.
D'AVL hat am Januar 2019 143 Busse, wouvun der 61 Gelenkbusse sinn. De Reseau ëmfaasst 32 reegelméisseg Linnen (2 bis 33), 8 Nuetslinnen (City Night Bus) an eng autonom Navett am Pafendall (City Shuttle)[1]. Donieft gëtt et e Ruffbus (Call-a-Bus) deen een individuell fir Faarten um Gebitt vun der Stad bestelle kann.
De Call-a-Bus mécht och Faarte fir Leit déi am Rollstull setzen; dëse Service war och ënner dem Numm Rollibus bekannt. 7.000 Persounen am Rollstull sinn 2009 mam Rollibus transportéiert ginn, an eng 7.400 Leit hu vum Service Call-a-Bus profitéiert[2].
2018 sinn op de Stater Buslinnen 13,6 Millioune Kilometer gefuer ginn an et goufen 40,3 Millioune Leit transportéiert. De Busdéngscht huet ëm déi 535 Leit beschäftegt[3].
Tëscht 2011 an 2013 huet d'Gemeng 30 Milliounen Euro fir 74 nei Bussen investéiert[2].