Banque internationale à Luxembourg
Lëtzebuerger Bankeninstitut / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Banque Internationale à Luxembourg SA (BIL) ass eng Bank a Form vun enger Société anonyme no Lëtzebuerger Recht. Aktionäre sinn zanter September 2017 déi chineesesch Legend Holdings (90 %) an de Lëtzebuerger Staat (10 %).
Banque internationale à Luxembourg | |
---|---|
Sëtz zu Hollerech | |
Typ | Société anonyme |
Grënnungsdatum | 1856 |
Sëtz | Hollerech |
Leedung | Marcel Leyers (Generaldirekter)[1] |
Mataarbechter | 1.847 (2019[2]) |
Branche | Finanzen |
Homepage | www.bil.com |
Legend huet seng Parte vu Precision Capital, engem Investergrupp vun der Kinneksfamill aus dem Katar fir bal 1,5 Milliarden Euro ofkaaft[3], dee se sengersäits 2012 kaaft hat.[4]. Deemools hate Precision Capital an de Lëtzebuerger Staat d'Kapital vun der Dexia Banque Internationale à Luxembourg, déi bis dohin zum Dexia-Grupp gehéiert huet, fir 730 Milliounen Euro opkaaft.
Dexia hat hirersäits an den 1990er Joren d'Banque Internationale à Luxembourg iwwerholl. D'Participatioune vun Dexia zu Lëtzebuerg an Dexia Asset Management Luxembourg, RBC Dexia Investor Services Limited an Dexia LDG Banque goufen net mat iwwerholl[4].
2015 hu 1.940 Leit bei der BIL geschafft an den Nettogewënn louch bei 134 Mio. Euro. De Generaldirekter ass de Marcel Leyers[5].