Bauerenzentral
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuerger Bauerenzentral[1] (fr.: Centrale paysanne luxembourgeoise) ass eng Beruffsorganisatioun vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft mat Sëtz zu Miersch.
De Statuten no[2] kënne Baueren, Wënzer a Gäertner Member ginn grad sou wéi Organisatioune wéi z. B. Zentralgenossenschaften a Genossenschaftsverbänn.
D'Bauerenzentral bréngt eng Wochenzeitung eraus: De Letzeburger Bauer [sic].