Bernd an Hilla Becher
deitsch Kënschtlerkoppel / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hilla Becher, mam Meederchersnumm Wobeser, gebuer den 2. September 1934 zu Potsdam a gestuerwen den 10. Oktober 2015 zu Düsseldorf, an de Bernd Becher, gebuer den 20. August 1931 zu Siegen, a gestuerwen den 22. Juni 2007 zu Rostock, hunn als Kënschtlerkoppel geschafft a ware Fotografen, déi international bekannt sinn.
Si maachen nëmme schwaarz-wäiss Fotoen. Hir Theeme sinn haaptsächlech Industriebauwierker wéi Gasometeren, Killtierm, Héichiewen oder Fachwierkhaiser.