Biergbau zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Wa vu Biergbau zu Lëtzebuerg rieds geet, dann ass am Fong den Ofbau vun Eisenäerzen, der sougenannter Minett, gemengt. De Biergbau, Ofbau iwwer Dag an a Galerien, hat e ganzt Joerhonnert laang zu Lëtzebuerg eng grouss wirtschaftspolitesch Bedeitung, an zwar vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert un, besonnesch nodeem d'modern Technik et méiglech gemaach hat, fir déi oolithesch Äerzer, wéi se an eisem Raum virkommen, fir d'Eisen- an d'Stolproduktioun notzbar ze maachen. Dës Eisenäerzer waren zwar fréier zu de Réimerzäite scho bekannt, mä d'technesch Méiglechkeeten hunn nach gefeelt, fir se ze verschaffen.
Ausser dem Eisenäerz-Biergbau sollten och nach d'Steebréch, d'Schifergrouwen, d'Géisdrëffer Antimongrouf, d'Bläiminn vun Allerbuer, d'Walfer Gipsgrouwen an d'Koffergrouf bei Stolzebuerg ernimmt ginn, och wann de Kofferofbau bei eis ni eng grouss Bedeitung kritt huet.