Boulevard du Jazz
Strooss um Belval / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Boulevard du Jazz ass eng Strooss um Belval op der Square Mile, an de Gemengen Esch-Uelzecht (Quartier Universtéit) a Suessem. Se leeft vun der Porte de France a west-nordwestlescher Richtung bis bei de Boulevard de la Recherche. Op der Héicht vun der Rue le Bataclan, déi vu Süde kënnt, ass d'Grenz tëscht deenen zwou Gemengen.
Séier Fakten Längt, Land ...
Längt | ca. 360 m |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng |
Suessem Esch Uelzecht |
Uertschaft |
Bieles Esch-Uelzecht |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 4370 |
Koordinaten |
49° 30’ 10.5’’ N 05° 56’ 34.3’’ O |
Genannt no | Jazz |
Zoumaachen
Op der nërdlech geleeëner Stroossesäit sinn d'Sinterbasenge vun der fréierer Agglomeratioun. Den Autosparking, deen do ronderëm provisoresch ugeluecht gi war, gëtt vun 2021 un duerch nei Gebaier ersat.