Buerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Buerg ass eng befestegt Struktur, fir gewéinlech gebaut a bewunnt vun den Adelegen am Mëttelalter an Europa, am Mëttleren Osten an an Asien.
Dës Säit beschäftegt sech mat der befestegter Buerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Buerg (Homonymie). |
D'Definitioun wat alles als ënner dem Begrëff Buerg duerchgeet huet mat der Zäit variéiert, an ass och haut diskutéiert, mä gemenkerhand zielt een dozou all privat befestegt Residenz vun engem Här oder engem Adelegen. Dat ënnerscheet d'Buerg vum Schlass, wat net befestegt war, vun enger Festung déi bal ni Adelsresidenz war, a vun enger Stadbefestegung déi eng ëffentlech Ofwier war.
D'Buergen hunn hiert Ëmland militäresch beherrscht, souwuel offensiv als Basis vun där aus Ugrëffer gestart konnte ginn, wéi och defensiv als Schutz géint Feinden. Se waren awer och administrativ Zentren, Muechtsymboler, politesch Mëttelpunkten (Sëtz vun der Herrschaft) a wirtschaftlech Kontrollapparater (am urbane Raum hu se déi lokal Populatioun an d'Handelsweeër kontrolléiert, am ländleche Raum dacks wichteg Liewenselementer wéi eng Millen, en Uewen, e Weier, e Waasserlaf oder fruchtbare Buedem.