C/1973 E1 (Kohoutek)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den C/1973 E1 (Kohoutek), och dacks als Koméit Kohoutek bezeechent, ass e laangperiodesche Koméit, deen am Joer 1973 duerch eist Sonnesystem gezunn ass.
C/1973 E1 (Kohoutek) | |
---|---|
Orbittyp | laangperiodesch |
Grouss Hallefachs | ? |
Perihel | 0,14 AE |
Aphel | ? AE |
Numeresch Exzentrizitéit | 1 |
Perihelduerchgank | 28. Dezember 1973 |
Ëmlafdauer | ~ 75.000 Joer |
Ëmlafvitess | 112 km/s |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Duerchmiesser | ? |
Entdecker Luboš Kohoutek | |
Entdeckungsdatum | 7. Mäerz 1973 |
Aner Bezeechnungen | 1973 XII, 1973f |
De Koméit gouf de 7. Mäerz 1973 vum tschecheschen Astronom Luboš Kohoutek am Observatoire Hamburg duerch de Verglach vun Himmelsfotoen aus dem Gebitt vum Stärebild Hydra entdeckt. Säi Perihel hat de Koméit den 28. Dezember 1973. De Koméit hat an de Medien an an der Fachwelt vill Interessi fonnt, mä hat sech awer vill méi schwaach entwéckelt wéi et erwaart gouf.