Canterbury Tales
From Wikipedia, the free encyclopedia
The Canterbury Tales sinn Erzielungen aus dem 14. Joerhonnert, déi vum Geoffrey Chaucer vun ongeféier 1387 u geschriwwe gi sinn. Zwéi vun den Tales sinn a Prosa, déi aner a Verse verfaasst.
D'Erzielungen, vun deenen net all als original gëllen, sinn an eng Kaderhandlung agebonnen, déi vun enger Pilgergrupp op hirem Wee vu Southwark, engem Faubourg vu London, op Canterbury handelt, wou si d'Graf vum Thomas Becket an der Kathedral kucke wëllen. (Dat Graf gouf vum Kinnek Henry VIII. zerstéiert.)
D'Theemen an den Erzielunge variéieren, et geet riets vu Léift bei Haff, Verrot, a Gier. Och de Genre ass verschidden, et gëtt Romanzen, Baladen, Priedegten a Fabelen. D'Charaktere ginn am Prolog agefouert, an erziele Geschichte vu kultureller Relevanz.
Verschidde vun dësen Erzielunge si witzeg, aner eescht, alleguer si se awer immens prezis an der Beschreiwung vun der mënschlecher Natur. Mëssbrauch vun der Relioun ass en Haaptthema. En anert wichtegt Element vun den Erzielungen ass hire Fokus op d'Ënnerdeelung vum Vollek an dräi Stänn: den Adel, de Klerus an den Drëtte Stand. D'Wierk ass net vollstänneg, ursprénglech sollt all Pilger véier Geschichten erzielen, zwou um Hiwee an zwou um Réckwee.
De wuel gréisste Bäitrag vun dësem Wierk zu der englescher Literatur ass de Gebrauch vun der Sprooch vum Vollek amplaz op Franséisch, Anglonormannesch oder Latäin ze schrwien, wat bei literareschen Aarbechten üblech war. D'Struktur vun de Canterbury Tales fënnt een och an aneren zäitgenëssesche Wierker, zum Beispill am Decamerone vum Boccaccio.
Drock- und Konschtgeschicht huet d'Editioun vum Graphiker a Pionéier vum Jugendstil William Morris geschriwwen, déi bei Kelmscott Press (gegrënnt 1891) erauskomm ass. Do sinn no de Masseproduktioune vum 19. Joerhonnert nees räich illustréiert Wierker entstanen, déi handwierklech hiergestallt gi sinn.
Den Titel vum Wierk gouf zu engem gängege Begrëff an der englescher Sprooch, den Numm gouf heefeg ugepasst an iwwerholl, zum Beispill am brittesche Film A Canterbury Tale. Virun enger Zäit goufen och verschidden Erzielunge fir d'Televisioun produzéiert. Geneesou wéi et Versiounen a modernem Englesch gëtt, existéieren der och op Mëttelenglesch a Walisesch.