Carl Barks
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Carl Barks, gebuer de 27. Mäerz 1901 an der Géigend vu Merrill am Oregon a gestuerwen de 25. August 2000 zu Grants Pass am Oregon, war en US-amerikanesche Comic-Zeechner an -Texter.
Carl Barks | |
---|---|
Gebuer | 27. Mäerz 1901 |
Gestuerwen | 25. August 2000 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Moler, Bauer, Journalist, Illustrateur, Comicauteur, Comicauteur, Animateur, Cartoonist, Storyboard-Zeechner |
De Carl Barks ass dee bekanntsten Zeechner vun den US-amerikaneschen Disney-Comics, besonnesch vun de Geschichten ronderëm d'Famill Duck an hir Frënn. D'Motiv vun der Int huet de Barks vum Al Taliaferro iwwerholl. Hien huet déi zum Deel nach relativ eesäiteg gehale Charaktere differenzéiert an nei Figuren dobäierfonnt. Hien ass de geeschtege Papp vun der räichster Int vun der Welt Dagobert Duck (Scrooge McDuck), dem genialen Erfinder Daniel Düsentrieb (Gyro Gearloose) oder de Panzerknacker (Beagle Boys). Och den Numm vun der Stad Entenhausen (Duckburg) kënnt vum Barks.
E puer vun dëse Figuren, déi ursprénglech nëmme fir ee bestëmmte Comic entworf goufen, goufe sou populär, datt si spéider hir eege Comic-Serie kruten.
An de 50er Jore ware seng Comics an den USA sou populär, datt hien "the good artist" genannt gouf, well kee Mënsch säin Numm kannt huet, d'Hefter hate just d'Bezeechnung Walt Disney. Et gëtt souguer gesot, datt den Disney him Fanpost ënnerschloen huet. Eréischt an de 70er Joren ass et zéie Fans gelongen, säin Numm erauszefannen an de Meeschter, du scho laang an der Pensioun, ze besichen.
- I always felt myself to be an unlucky person like Donald, who is a victim of so many circumstances. But there isn't a person in the United States who couldn't identify with him. He is everything, he is everybody; he makes the same mistakes that we all make. He is sometimes a villain, and he is often a real good guy and at all times he is just a blundering person like the average human being, and I think that is one of the reasons people like the duck.
(Carl Barks)
Op Lëtzebuergesch heescht dat ongeféier:
- Ech hu mech ëmmer als eng vum Pech verfolgt Persoun gefillt, grad wéi den Donald, deen en Affer vun den Ëmstänn ass. Mä et gëtt keen US-Amerikaner, dee sech net mat him identifizéiere kéint. Hien ass alles, hien ass jiddwereen; hie mécht déi selwecht Feler, déi mer all maachen. Hien ass heiansdo nidderträchteg, an hien ass dacks e richteg gudde Kärel, awer wéi och den duerchschnëttleche Mënsch ass hien ëmmer een, deem alles mëssléngt, an ech mengen, dat ass eng vun den Ursaachen, firwat d'Leit d'Int gär hunn.
Mam Dr. Erika Fuchs huet de Carl Barks eng kongenial Iwwersetzerin vu senge Wierker an d'Däitscht fonnt. Typesch Spréch aus de 50er Joren, wéi "Dem Ingeniör ist nichts zu schwör" oder d'Donald-Duck-Zitat "Wo man hinschaut, nichts als Gegend" stamen aus hirer Fieder. Hir Sprooch war wäit méi differenzéiert wéi dat US-amerikanescht Original, an deem de Barks och vill Slang-Wieder gebraucht huet.