Neimënster
From Wikipedia, the free encyclopedia
Neimënster (Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, kuerz CCRN) ass en ëffentlecht Etablissement an e Kulturzentrum am Gronn an der Stad Lëtzebuerg, deen duerch e Gesetz vum 24. Juli 2001[1] geschaaft gouf an zanter 2004 a Betrib ass. Den CCRN kritt all Joers (Stand 2019) eng Dotatioun vum Staat vun enger 3,9 Milliounen Euro fir seng Aktivitéiten.
Séier Fakten Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster („Neimënster“), Typ ...
Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster („Neimënster“) | |
---|---|
Vue vum Stierchen op de Parvis vun der Abtei Neimënster | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 24.07.2001 |
Sëtz |
28 Rue Munster L-2160 Lëtzebuerg |
Leedung |
Françoise Poos (Presidentin CA) Ainhoa Achutegui (Direktesch) |
Homepage | www.neimenster.lu |
Zoumaachen
De 25. Abrëll 2005 gouf do de Bäitrëttstraité vu Bulgarien a Rumänien zu der Europäescher Unioun ënnerschriwwen.[2].