Centre de rétention (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre de rétention um Findel an der Gemeng Sandweiler ass en Zenter fir illegal Immigranten a Persounen deenen hir Demande fir de Statut vum Asylant zu Lëtzebuerg zeréckgewise gouf, an déi net mat enger fräiwëlleger Réckféierung an d'Land aus deem se koumen averstane sinn.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi betraffe Persounen däerfen den Zenter net verloossen a bleiwen do, bis datt se ënner Zwang zeréckgefouert ginn. D'Gesetz seet, datt Eenzelpersoune bis zu sechs Méint, ausnamsweis bis zu engem Joer, do bleiwen däerfen. Famillje mat Kanner däerfen nëmme bis zu 72 Stonnen am Zenter bleiwen.
De Centre de rétention gouf duerch d'Gesetz vum 28. Mee 2009 geschaf. En huet am September 2011 seng Dieren opgemaach.
Bis am September 2011 goufen déi betraffe Persounen am Prisong zu Schraasseg ënnerbruecht.