Centre hospitalier de Luxembourg
Spidol an der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg:
- dem CHL Centre (och nach Hôpital municipal),
- dem CHL Eich (och nach Eecher Klinick, Clinique d'Eich),
- dem CHL Maternité (oder Maternité Grande-Duchesse Charlotte) an
- dem CHL Kannerklinick[4] (oder Clinique pédiatrique).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Centre hospitalier de Luxembourg | |
---|---|
Den Hôpital municipal (2020) | |
Basisdonnéeën | |
Address: | CHL Centre, KannerKlinik a Verwaltungssëtz: 4, rue Ernest Barblé L-1210 Lëtzebuerg |
Typ: | Ëffentlecht Etablissement[1] |
Ouverture: | 1976[2] |
Stationär Better: | 579 (2015)[3] |
Mataarbechter: | 2.348 (2019)[2] |
dovun Doktoren: | 300 (2015)[3] |
Websäit: | www.chl.lu |
Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur[2] zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun 2.348 (2019)[2] Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten[3].
2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten.
Generaldirekter vum CHL ass zanter … de Romain Nati[5]; hie gëtt am Mäerz 2024, wann hien an d'Pensioun geet, vun der Dr Martine Goergen ersat[6].
Um Site vum CHL gëtt et zwielef national medezinesch Departementer:
- pediatresch Chirurgie
- Hemato-Onkologie
- Immuno-Allergologie
- Ustiechend Krankheeten
- intensiv Neonatologie
- Neurochirurgie
- spezialiséiert Pediatrie
- medezinesch assistéiert kënschtlech Befruchtung
- Kannerpsychiatrie
- pediatresch Intensivstatioun
- Stroke Unit Niveau 2
- pediatresch Urgence
Am CHL stinn och eng Rei national medezinesch Ekipementer, wéi de PET-Scan, d'extrakorporal Stousswellelithotripsie an de Laboratoire fir In vitro-Befruchtung.
Den CHL assuréiert eng permanent Garde fir d'Kannerklinick grad wéi fir all national Servicer.