Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe (kuerz CVCE, op Englesch: Virtual Centre for Knowledge about Europe) ass e Fuerschungs- an Dokumentatiounszenter vun der Universitéit Lëtzebuerg iwwer d'Europäesch Integratioun. Et ass eng Aart online Bibliothéik mat Dokumenter iwwer d'Geschicht vun der Europäescher Unioun.
E gouf 2002 als ëffentlecht Etablissement an d'Liewe geruff.[1] Den 1. Juli 2016 ass den CVCE an den nei gegrënnten an interdisziplinären Institut d'histoire du temps vun der Universitéit Lëtzebuerg transferéiert ginn.[2] Zu deem Zäitpunkt ass den Zenter och vu sengen éischte Büroen am Suessemer Schlass op seng aktuell Plaz an der Maison des sciences humaines um Belval geplënnert.[3]
All Joer ginn iwwer de Site vum CVCE zwou Milliounen Dokumenter ofgeruff.[4]