Chamberwale vum 18. Juni 1989
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt. D'Zuel vun den Deputéierte war dat Joer virdru vu 64 op 60 erofgesat ginn. 16 Lëschten hu fir déi Sëtz kandidéiert.
D'Regierungsparteie bis dohin, d'CSV an d'LSAP, hunn allen zwou 3 Sëtz verluer, grad wéi déi gréisst Oppositiounspartei, d'DP. Och d'KPL huet missen ee Sëtz abéissen. Gewonnen hunn dofir deen nei gerënnten Aktiounskomitee 5/6, dee gläich 4 Sëtz krut, an déi Gréng, déi zesummen och 4 Sëtz kruten, obwuel se sech virdrun an zwou Parteien, d'Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) an d'Gréng Alternativ Partei (GAP) opgespléckt haten.
Zwou weider ekologesch Parteien, d'Gréng Alternativ Allianz (GRAL) an d'Ekologisten fir den Norden, kruten dogéint kee Sëtz, grad esou wéineg wéi déi rietsextrem National-Bewegong, an aner Formatioune wéi Firwat net, Republikanesch Partei, Lëscht fir den Éislécker an eng regional Politik (LERP), RSP - Géint Rassismus a Faschismus, d'Biergerpartei oder d'Lëscht fir de moderéierte Lëtzebuerger - Krëschtlech Volléksdemokraten.
Als Folleg vun de Wale vum 18. Juni koum et séier zu der Formatioun vun enger neier CSV-LSAP-Regierung, der Regierung Santer-Poos II, déi schonn de 14. Juli 1989 vereedegt gouf.