Charles Crocius
lëtzebuergesche Jurist a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles Ferdinand Gustave Crocius, gebuer de 16. Mäerz 1843 zu Réimech[1] a gestuerwen den 18. Mee 1917 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.[2]
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Charles Crocius | |
---|---|
Gebuer | 16. Mäerz 1843 |
Gestuerwen | 18. Mee 1917 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Nottär |
Zoumaachen
De Charles Crocius, deen do virdru Greffier beim Friddensgeriicht vu Réimech war[3], huet am Februar 1878 eng Etude als Nottär an der Arsenalstrooss an der Stad Lëtzebuerg opgemaach[4], déi hien do bis zu sengem Doud weidergeféiert huet[5].
Bei de Wale vum 10. Juni 1884 gouf de Charles Crocius mat 346 Stëmmen als Vertrieder vum Kanton Lëtzebuerg-Land als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[6] Hie blouf Deputéierte vun 1884 u bis 1908.[7]