Cinque Terre
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi sougenannt Cinque Terre si fënnef Küstenuertschaften, déi sech an der Provënz La Spezia (Italien) ëm en Nationalpark gruppéieren, deen de selwechten Numm huet. Direkt dobäi läit och déi vun Touriste vill besicht Hafenuertschaft Portovenere.
Déi 5 Uertschaften, déi zur Cinque Terre gehéieren, sinn: Riomaggiore, Manarola, Corniglia, Vernazza an Monterosso. Am Joer 1997 si se vun der UNESCO op d'Lëscht vum Weltierwe gesat ginn.
D'Uertschafte si vu La Spezia mat enger Regionalbunn z'erreechen. Vum Mier aus (vill Croisière-Schëffer fueren no laanscht a kommentéieren d'Landschaft) hunn d'Passagéier eng wonnerbar Vue op déi ofgeschlosse Géigend mat hire Bierger.
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |