Conseiller (Lëtzebuerg)
Conseiller an enger Gemeng / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Conseiller, och Gemengeconseiller oder Gemengerot genannt, ass e Member vum Gemengerot a gëtt zu Lëtzebuerg direkt vun de Wieler aus der Gemeng gewielt.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Zuel vun de Conseilleren am Gemengerot hänkt vun der Awunnerzuel an der Gemeng of. An enger lëtzebuergescher Gemeng sinn tëscht 7 (bei Gemenge mat bis zu 999 Awunner) a 19 (bei Gemenge mat 20 000 a méi Awunner) Conseilleren am Gemengerot. Eng Ausnam ass d'Stad Lëtzebuerg, wou d'Zuel vun de Conseilleren am Gemengerot zanter 1964 op 27 festgeluecht ass. D'Membere vum Schäfferot (de Buergermeeschter an d'Schäffen) si bei der Zuel vun de Conseillere mat abegraff.