Corps grand-ducal d'incendie et de secours
Rettungsdéngscht zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) ass en Ëffentlecht Etablissement[1] mat administrativer Funktioun zu Lëtzebuerg, an deem d'Rettungsdéngschter vum Land zesummegeschloss a koordinéiert ginn.
Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...
Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 27.03.2018 |
Sëtz |
3, Boulevard de Kockelscheuer L-1821 Lëtzebuerg |
Leedung |
Lydie Polfer (Presidentin) Paul Schroeder (Generaldirekter) |
Branche | Rettungsdéngscht |
Homepage | www.112.lu |
Zoumaachen
E gouf mat engem Gesetz vum 27. Mäerz 2018 gegrënnt[2] an ass zanter dem 1. Juli 2018 a Funktioun. An him sinn d'Protection civile, d'Fräiwëlleg Pompjeeën, d'Stater Beruffspompjeeën, d'Fluchhafepompjeeën an de Service d'aide médicale urgente (SAMU) zesummegeschloss[3].
De Sëtz vum CGDIS ass zu Gaasperech am Centre national d'incendie et de secours.