Damvillers
From Wikipedia, the free encyclopedia
Damvillers ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch St. Maurice | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Meuse | ||||
Arrondissement | Verdun | ||||
Kanton | Montmédy | ||||
Postcode | 55150 | ||||
Gemengecode | 55145 | ||||
Koordinaten | 49° 20’ 36’’ N 05° 24’ 02’’ O | ||||
Fläch | 1 833 ha | ||||
Bevëlkerung | 620 (1999) |
Damvillers läit am Dall vun der Thinte op enger Héicht vun 197 bis 353 Meter. D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer e puer Departementsstroossen, vun deenen déi wichtegst d'D905 ass.
Damvillers huet fréier zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert; dohier kënnt de roude Léiw am Wopen.[1] Duerch den Traité vun de Pyrenäen ass Damvillers 1659 u Frankräich ofgetruede ginn.[2]
Bei der Belagerung vun Damvillers (1552) huet de franséische Chirurg Ambroise Paré (1510-1590) dat deemools bei Amputatioune gängeg Kauteriséiere vun der Wonn duerch d'Ofbanne vun de Bluttgefässer ersat.[3]
Parti: au premier, burelé d'argent et d'azur de dix pièces, au lion de gueules à double queue, armé lampassé et couronné d'or, brochant sur le tout; au deuxième, d'azur semé de fleurs de lys d'or, au bâton de gueules péri en bande.
- D'Kierch Saint-Maurice aus dem 12. Joerhonnert
- Reschter vu fréiere Festungen a Bastiounen
- D'Schlass Château de Murault
- Monument vum Jules Bastien-Lepage vum Rodin
- Statu vum Maréchal Gérard
- Statu vum Jules Liégeois
- Étienne Maurice Gérard, Maréchal de France
- Jules Liégeois, Jurist
- Jules Bastien-Lepage, Moler a Portraitist
Kuckt och
- Departement Meuse
- Arrondissementer am Departement Meuse
- Kantonen am Departement Meuse
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Meuse
Commons: Damvillers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Blason de Damvillers Gearchiveerd op 2008-11-18. Gekuckt de(n) 2009-11-06.
- L. de Chardon: Damvillers et son canton: vingt siècles d'histoire. Impr. Cogerex, Verdun 1973, S. 51f.
J. Groben: Connaissance de l'ancien Duché de Luxembourg (XXX): Damvillers, une enclave luxembourgeoise en pays mosan. In: Die Warte 1999, 51(36) (25. Nov.), S. 4.